Iriséieren (vun algriichesch ĩris Reebou) ass en optesche Phenomeen, woubäi eng Uewerfläch jee no Perspektiv an aner Faarwen erschéngt.

Iriséierend Uewerfläch vu Seefeblosen

Grondlagen änneren

Duerch Briechung an Interferenz vum Liicht op dënnen Uewerflächeschichte vun engem Objet schéngt dësen Objet an Faarwe vum Reebou. D'Faarwen hänke vum Observatiounswénkel of. Iriséieren ass bei Pärelmuschelen a Seefeblose bekannt. Wéinst den intensive Farwe gëtt Iriséieren dacks als schéin opgeholl.

Wéinst der Observatiounswénkelofhängegkeet kann Iriséieren net ganz mat konventioneller Fotografie, mä nëmmen duerch Holographie erfaasst ginn.

Biologie änneren

 
Goldharespel

An der Biologie ass Iriséiere bei Planzen an Déiere wäit verbreet. De Phenomeen gëtt duerch d'Fiichtegkeet verstäerkt.

Meteorologie änneren

 
Iriséierend Wollek

An der Meteorologie schwätzt ee vun iriséierend Wolleken a Perlmuttwolleken, wann d'Wolleken a Perlmuttfaarwe liichten. D'Iriséiere geschitt dobäi duerch Interferenz. D'Faarwe sinn vun der Drëps- resp. vun der Äiskristallgréisst an der Aart, wéi d'Liicht afällt, ofhängeg.

Mineralescht Gestengs änneren

 
Labradorit-Trommelsteen

Mineralescht Gestengs (Edelsteng), deenen hiert Iriséiere gutt erauskënnt, si ganz beléift. Duerch Spréng, Rëss oder Zwillingsbildung entsteet eng méi oder manner reegelméisseg Schichtung vum Material, op där sech déi afalend Liichtstrale briechen an iwwerlageren. E besonnesch markéiert, iriséierend Faarwespill a metallesche Glanz huet de Labradorit, bei deem dësen opteschen Effet och als "Labradoriséieren" bezeechent gëtt.

Faarwen a Lacker änneren

Syntheetesch hiergestallt iriséierend Faarwen, bei deene Pärelglanzpigmenter bäigemëscht goufen, fannen ënner anerem als Drockfaarwe fir d'Hierstelle vun dekorativen Opkliewer souwéi als Effektlack an der Automobilbranche hiren Asaz.

Pärelglanz änneren

 
Pärelen
 
Paua-Muschel, eng Aart vun de Abaloneschleeken

Eng speziell Form vun Iriséieren ass de Perlmuttglanz (kuerz: Pärelglanz), genannt nom seidege, reeboufaarwege Glanz vun der Pärel. Och hei ass déi reegelméisseg, konzentresch Schichtung vum Perlmutt fir d'Iriséiere verantwortlech.

Metaphoresch änneren

An Texter mat besonnesch gehuewenem Sproochgebrauch gëtt d'Wuert "iriséierend" geleeëntlech benotzt, fir fluktuéierend, instabil Eegenschafte vu Saachen déi sech séier änneren, auszedrécken. Beispiller: "iriséierend-schwiewend Musek", "iriséierend Perséinlechkeet", "iriséierend Sprooch".

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Iriséieren – Biller, Videoen oder Audiodateien