Secondo Caldarelli
italieenesch-lëtzebuergesche Foussballspiller
De Secondo Caldarelli, gebuer den 13. August 1923 zu Camerino (Italien) a gestuerwen de 15. Januar 1978 zu Nanzeg[1], war e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]
Secondo Caldarelli | |
---|---|
Gebuer |
13. August 1923 Camerino |
Gestuerwen |
15. Januar 1978 Nanzeg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg, Italien |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Tëscht dem 7. Mäerz 1954 am 16. Oktober 1955 huet de Secondo Caldarelli 11-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[3]
De Secondo Caldarelli huet mat 14 Joer seng éischt Lizenz beim Progrès Nidderkuer kritt a ronn 1.300 Matcher fir säi Veräi gespillt.[4] Mat 312 Asätz an der Nationaldivisioun ass hie Rekordspiller vum Progrès.
Referenzen
änneren- ↑ Annonce am Luxemburger Wort vum 16. Januar 1978 (16. Januar 1978). Gekuckt de(n) 29. Dezember 2021.
- ↑ De Secondo Caldarelli op der Websäit vun der Football Database.eu
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Secondo Caldarelli op der Websäit vun European Football
- ↑ Artikel zum Gedenken op Facebook. Gekuckt de(n) 29. Dezember 2021.