De Miguel Juan Sebastián Piñera Echenique, gebuer den 1. Dezember 1949 zu Santiago de Chile a gestuerwen de 6. Februar 2024, war e chileeneschen Ekonomist, Geschäftsmann a Politiker (Coalición por el Cambio - "Koalitioun fir e Wiessel"). Hie gouf den 18. Dezember 2017 zum President vu sengem Land gewielt an huet säin Amt den 11. Mäerz 2018 ugetrueden. 2022 gouf de Gabriel Boric säin Nofollger.

Sebastián Piñera
Gebuertsnumm Miguel Juan Sebastián Piñera Echenique
Gebuer 1. Dezember 1949
Santiago de Chile
Gestuerwen 6. Februar 2024
Doudesursaach Erdrénken
Nationalitéit Chile
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Politiker, Geschäftspersoun, Ekonomist, Investisseur, Ingenieur, Entreprener
Partei Onofhängeg
Famill
Geschwëster Pablo Piñera Echeñique

Hie war schonn de 17. Januar 2010, eng Kéier zum President vu sengem Land gewielt ginn an hat säin Amt den 11. Mäerz 2010 ugetrueden. 2014 huet hien nees kandidéiert, ma d'Wale géint d'Michelle Bachelet verluer.

De Sebastián Piñera war vun 1990 bis 1998 Senator, a war schonn 2005 Presidentschaftskandidat (deemools vun der mëtt-riets Partei Renuevo nacional); en huet d'Walen awer am zweeten Tour géint d'Michelle Bachelet vun der mëtt-lénkser Concertación verluer.

Wéinst sengem Räichtum (hien ass Milliardär) gëtt hien heiansdo "de chileenesche Berlusconi" genannt.[1]

Hien hat d'Gesetz ënnerschriwwen, dat am Mäerz 2022 a Kraaft getrueden ass an dat gläichgeschlechtleche Koppelen et erlaabt fir sech ze bestueden.

De 6. Februar 2024 ass hie bei engem Helikopteraccident am Lago Ranco erdronk.

Um Spaweck änneren

Commons: Sebastián Piñera – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Sebastian Piñera, le 'Berlusconi chilien'", Le Monde, 15 décembre 2009.