Sebastián Aguilera de Heredia
De Sebastián Aguilera de Heredia, gedeeft de 15. August 1561 zu Saragossa a Spuenien, an do gestuerwen de 16. Dezember 1627 war e spueneschen Organist, Komponist a Geeschtlechen.
Sebastián Aguilera de Heredia | |
---|---|
Gebuer |
15. August 1561 jul. Saragossa |
Gestuerwen |
16. Dezember 1627 Saragossa |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Komponist, Organist |
Säi Liewen
ännerenSeng Carrière huet 1585 ugefaangen, wéi den Aguilera an der Kathedral vun Huesca Organist gouf. Den 29. September 1603 gouf hien zum Geeschtleche geweit an e krut zu Saragossa d'Plaz vum Haaptorganist an der Kierch La Seo. 1620 huet hie säi Schüler José Ximenez, dee méi spéit säin Nofollger gouf, zu sengem Ramplassang ernannt.
Seng Wierker
änneren- Canticum Beatissimae Virginis deiparae Mariae (1618), dora 36 verschidde Magnificaten fir véier, fënnef, sechs oder aacht Stëmmen.
- Pange lingua a tres sobre tiple.
- Obra de 8. tono: Ensalada e Stéck am Genre vum Quodlibet.