Scott Carpenter
De Malcolm Scott Carpenter, gebuer den 1. Mee 1925 zu Boulder am Colorado, a gestuerwen den 10. Oktober 2013 zu Denver,[1]) war en US-amerikaneschen Astronaut an Aquanaut.
Scott Carpenter | |
---|---|
Kategorie | Astronaut |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Auswiel | 2. Abrëll 1959 (1. NASA-Grupp) |
Zuel vu Flich | 1 |
Éischte Start | 24. Mee 1962 |
Lescht Landung | 24. Mee 1962 |
Dauer | 4h 56min |
1. Missioun | Mercury-Atlas 7 |
opgehalen | August 1974 |
Liewen
ännerenDem Carpenter seng Elteren hate sech getrennt, wéi hien dräi Joer al war. Well seng Mamm un Tuberkulos gelidden huet, ass de Carpenter bei Frënn vun der Famill opgewues. Nom Studium vun der Loftfaarttechnik op der Universitéit vu Boulder ass de Carpenter am Joer 1949 an d'US Navy agetratt a gouf do 1951 Pilot, an 1954 Testpilot.
Astronautecarrière
änneren1959 koum hie bei der NASA an déi éischt US-Astronautegrupp vun de Mercury Seven. Hien huet sech weider op Kommunikatioun an Navigatioun spezialiséiert. Wéi am Februar 1962 den éischten US-Weltraumfluch an d'Äerdëmlafbunn gestart gouf, stoung de Carpenter als Ersatzmann fir de Pilot John Glenn op der Lëscht.
Fir den zweete Fluch vun engem Amerikaner am Orbit war am Ufank den Deke Slayton virgesinn. Wéi deen awer wéinst Häerzproblemer net fléie konnt, gouf de Carpenter fir dëse Fluch bestëmmt. De 24. Mee 1962 ass hie mat der Missioun Mercury-Atlas 7 mat dem Raumschëff Aurora 7 gestart. No dräi Äerdëmkreesungen ass hien am Atlantik gelant, allerdéngs 400 km vum Rettungsschëff ewech, sou datt hien en ettlech Stonnen huet misse waarden, ier en aus dem Waasser gefëscht gouf. Hie war den eenzege Mercury-Astronaut, deen d'Kapsel iwwer d'Spëtz verlooss hat, wéi et am Ufank vun den Techniker och geplangt war, all déi aner Astronauten hunn d'Sprengluk benotzt.
Seng weider Aufgabe bei der NASA waren d'Iwwerwaachung vun der Entwécklung an der Konstruktioun vun der Moundlandefär fir den Apollo-Programm. Vun der NASA entbonnen, huet de Carpenter um Sealab-II-Projet vun der US-Marinn matgeschafft. An där Zäit hat hien en Accident mam Motorrad, wou hie sech um lénksen Aarm blesséiert hat an domat a senger Beweeglechkeet geschwächt war. Trotz engem chirurgeschen Agrëff (1964 an 1967) war hien net méi kapabel fir e weidere Raumfluch. Am Summer 1965 huet hien ee Mount an enger Ënnerwaasserstatioun a 60 Meter Déift verbruecht. Wéi hien duerno nees bei der NASA war, huet de Carpenter seng Erfarungen als Verantwortleche fir den Ënnerwaassertraining vun den Astronauten ausgenotzt.
No der NASA
ännerenAm August 1967 huet de Carpenter d'NASA definitiv verlooss a koum zeréck bei d'Marin, wou hien d'Aquanautenasäz vum Sealab-III-Projets geleet huet. 1969 ass hien aus dem Militärdéngscht ausgescheet. De Carpenter huet dann d'Bedeelegungsgesellschaft Sear Sciences gegrënnt[2], deenen hiert Zil et war, Mieresressourcen besser ze gebrauchen. Doibäi hat hien enk mam franséische Mieresfuerscher Jacques-Yves Cousteau zesummegeschafft. De Carpenter ass an allen Ozeane gedaucht, och ënner dem Äis vum Nordpolarmier.
Privates
ännerenDe Carpenter huet zwéi Romaner an eng Autobiographie geschriwwen. Hie war véiermol bestuet, gouf dräimol gescheet a war Papp vu siwe Kanner. Hien ass am Oktober 2013 am Alter vun 88 Joer an engem Spidol zu Denver no engem Schlagufall gestuerwen.
Schrëften
änneren- (mam Kris Stoever): For spacious skies : the uncommon journey of a Mercury astronaut. Harcourt, Orlando 2002.
- Deep Flight. Roman. Pocket Books, New York 1991.
- The Steel Albatross. Roman. Pocket Books, New York 1991.
- Inner Space. Silver Burdett, Morristown, N.J. 1969.
- Exploring space and sea. Smithsonian Institution Press, Washington 1967.
- (mat den aneren Astronaute vum Mercury-Programm): We Seven. Simon & Schuster, New York 1962.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Scott Carpenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Perséinlech Internetsäit
- (en) NASA: Biographie
- (en) JSC Oral History Project: Matschrëfte vun Interviews
- Interview vum Mäerz 1998, 27 Säiten, 64 KB a PDF-Datei
- Interview vom Januar 1999, 27 Säiten, 70 KB a PDF-Datei