Schwaarzen Hielenter (Sambucus nigra) ass en Trausch aus der Gattung Hielenter (Sambucus). Et ass eng vun den heefegsten Trauschaarten a Mëtteleuropa. D'Bléien an d'Friichten dovu ginn aals Heelmëttel, Liewensmëttel a fir ze fierwe benotzt.

Schwaarzen Hielenter
Schwaarzen Hielenter
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Dipsacales
Famill Adoxaceae
Gattung Hielenter (Sambucus)
Wëssenschaftlechen Numm
Sambucus nigra
L.
Als Bam an der Bléi
Bléien
Zeideg Friichten

Beschreiwung änneren

D'Traisch vum Schwaarzen Hielenter gi bis zu bis 11 Meter héich, heiansdo a Form vun engem klenge Bam mat villen Äscht. D'Schuel ass grobrong an et si Korkporen drop, déi méi hell sinn. Déi méi déck Äscht an de Stamm hunn eng korkaarteg Schuel mat Fueren de laange Wee. D'Wuerzele ginn net an d'Déift mä an d'Breet.

D'Bléien a Form vu schiermfërmege Rispen, déi bis zu 30 cm grouss ginn, an déi aus villen Eenzelbléie bestinn, kommen tëscht Mee a Juni eraus. Si hu schonn deen typeschen Hielentergeroch. Déi ronn 6mm grouss Friichten (et si Steefriichten, deemno keng Bieren) ginn am August-September zeideg, wa se bal ganz schwaarz sinn. Si si räich u Vitaminn C an u Kalium. Hire Jus ass donkelrout-mof, a schwéier aus de Kleeder ze wäschen. An all Fruucht sinn dräi Somkären. D'Villercher, déi déi Friichte friessen, droe sou zu der Verbreedung vum Schwaarzen Hielenter bäi. D'Blieder, d'Kären an d'net-zeideg Friichte kënne gëfteg sinn. De Jus kann, nodeem en ofgekacht gouf, zu Sirop, Coulis asw. verschafft ginn. Och d'Bléie kënne giess ginn, z. B. panéiert gebak oder frittéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Schwaarz Hielenter – Biller, Videoen oder Audiodateien