Schwäizer Schockela
De Schwäizer Schockela huet mat der Schwäizer Aueren- a Maschinnenindustrie fir déi gutt Renommée gesuergt, déi Schwäizer Produkter zanter Joerzéngten hunn.
De Schockela koum am Laf vum 16. Joerhonnert an Europa. Aus dem 18. Joerhonnert sinn nëmmen e puer Handwierksbetriber aus dem Tessin oder ronderëm de Genfer Séi bekannt, déi Schockela produzéiert hunn.
Nodeem de François-Louis Cailler 1819 d'Firma Chocolat Cailler gegrënnt hat, déi mat Kakaopudder a Schockela gehandelt huet, a kuerz drop déi éischt Schwäizer Schockelafabréck opgemaach huet, huet dat Ganzt sech séier weiderentwéckelt.
- 1819 – Cailler zu Vevey (haut Nestlé)
- 1826 – Suchard zu Serrières, e Faubourg vun Neuchâtel, (haut Kraft Foods)
- 1826 – Favarger zu Genf
- 1830 – Kohler zu Lausanne, gegrënnt vum Charles-Amédée Kohler (haut Nestlé)
- 1845 – Sprüngli zu Zürich (Spezialitéit: Luxemburgerli)
- 1852 – Maestrani zu Luzern, spéider zu Sankt Gallen, gegrënnt vum Aqilino Maestrani
- 1856 – Klaus zu Le Locle
- 1867 – Peter zu Lausanne (haut Nestlé)
- 1874 - Munz, gegrënnt vum Johann Georg Munz 1874 zu Flawil, gehéiert haut zu Maestrani
- 1879 – Lindt zu Bern
- 1887 – Frey zu Aarau (haut Migros)
- 1899 – Tobler zu Bern, gegrënnt vum Jean Tobler (haut Kraft Foods),
- 1929 – Camille Bloch zu Courtelary
D'Erfindung vum Mëllechschockela 1875 duerch den Daniel Peter, den Eedem vum François-Louis Cailler, an déi vum Fondantschockela duerch de Rodolphe Lindt huet mat dozou bäigedroen, datt an der Mëtt vum 19. Joerhonnert de Schwäizer Schockela e Begrëff gouf a ganz Europa.
1930 huet Nestlé den éischte wäisse Schockela produzéiert.