Schmidt-Newton-Teleskop
De Schmidt-Newton-Teleskop (ofgekierzt SN-Teleskop) zielt zu de Spigelteleskopen an ass eng Variant vum Newton-Teleskop.
Iwwersiicht
ännerenD'Ausféierung vu sou Teleskope geet op de Schmidt-Teleskop vum Optiker Bernhard Schmidt souwéi op den Naturfuerscher Isaac Newton zeréck. Wéinst e puer Kompromesser, op déi aus praktesche Grënn agaang gouf, gëtt d'Leeschtungsfäegkeet vum Schmidt-Teleskop net erreecht. Duerch d'Kombinatioun vu Lënsen a Spigelen handelt et sech ëm e katadioptresche System.
Am Tubus vum Schmidt-Newton-Teleskop gëtt d'Liicht vum sphäreschen Haaptspigel gebëndelt an trëfft op de flaache 45°-Sekundärspigel, deen d'Liicht säitlech aus dem Tubus an den Okular leet. De Sekundärspigel ass an der Mëtt vun enger dënner asphärescher Glasscheif (Schmidt-Plack) duerch eng Spigelfaassung als separat optescht Glidd ugemaach. D'Korrektiounsplack behieft déi sphäresch Aberratioun vum Haaptspigel komplett a minimiséiert d'Koma vum ganze System.
Um Spaweck
ännerenCommons: Schmidt-Newton-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien |