Als Stralegank gëtt de geometresche Verlaf vu Liichtstralen duerch optesch Instrumenter (Mikroskopen, Teleskopen, Projekteren, Ëmbildinstrumenter, Spektrographen asw.) bezeechent. D'Fachgebitt, dat dozou gehéiert, ass d'geometresch Optik (Stralenoptik). Dobäi gëtt vereinfacht ugeholl, datt d'Liicht aus klengen Deelercher, de Photone besteet, déi sech op riichte Bunne beweegen, soulaang si net duerch Lënsen, Spigelen (Flaachspigelen oder Huelspigelen), Prismen oder aner optesch Bauelementer ofgeleet ginn. Och fir d'Verlafsrichtung vu Röntgenstralen gëtt dëse Begrëff benotzt.

Straleverleef an engem Zoomobjektiv (Prinzipduerstellung)

Bei de meeschten opteschen Instrumenter gëtt d'Liicht, dat era kënnt, duerch en Objektiv aus Lënsen oder engem Primärspigel op de Brennpunkt gebëndelt, vu wou et entweeder duerch en Okular visuell gekuckt oder engem anere Stralungsempfänger (Fotokamera, CCD-Sensor, Spektrograf asw.) zougefouert gëtt. Dacks gëtt de Stralegank duerch Flaachspigelen ëmgeleet, fir d'Observatioun ze verbesseren.

Astronomesch Spigelteleskope sinn ausserdeem meeschtens mat Sekundärspigele fir d'Verlängerung vun der Brennwäit ekipéiert, Astrographen och fir hir Verkierzung. An der Fotografie sinn dofir verstellbar Lënsesystemer am Asaz, z. B. als Zoomobjektiv.

Beim Entworf vun engem opteschen Instrument huet een dacks d'Wiel tëscht Lënsen oder Spigelen als Haaptofbildungselement. Lënsen hunn de Virdeel vun engem riichten Opbau, woubäi och gréisser Distanzen tëscht hinne liicht iwwerbréckbar sinn. Spigelen hunn do Virdeeler, wou een eng kompakt, zesummegefaalt Bauweis ustrieft a wou et ëm d'Observatioun vu breede Spektralberäicher geet, well bei hinnen en typesche Lënsefeeler wéi d'chromatesch Aberratioun prinzipiell net virkënnt.

An technescher Hisiicht hu Spigelen dee Virdeel, datt ee se vollflächeg montéiere kann (net nëmmen um Rand wéi Lënsen). Si kënnen och a groussen Dimensioune fabrizéiert ginn, wougéint Refrakterobjektiver wéinst der Lënsebéiung op maximal 1 m Duerchmiesser beschränkt sinn. Dofir si Glaslënsen thermesch méi stabil wéi dat meescht Spigelmaterial, wat Brennwäiten- a Formännerunge betrëfft.

Optesch Instrumenter mat Stralegank änneren

Bei projezéierenden optesche Systemer gëtt dacks e verkettene Stralegank agesat. Telezentresch Stralegäng kënnen agesat ginn, wann de Moossstaf vum Bild soll onofhängeg vun der Objektwäit oder der Bildwäit sinn, respektiv wa keng Verzeechnunge solle virkommen. Bei perizentresche Stralegäng kënnen en ettlech Säitefläche vun engem Objet mat engem eenzege Bild opgeholl ginn.

Verschidden optesch Instrumenter, bei deenen de Stralegank eng wichteg Roll spillt: