Schluecht vun Điện Biên Phủ

D'Schluecht vun Điện Biên Phủ (franséisch: Bataille de Diên Biên Phu) war eng militäresch Konfrontatioun an den Héichpunkt vun Indochinakrich, déi vum 20. November 1953 (respektiv, méi konkret, vum 13. Mäerz 1954) bis de 7. Mee 1954 gedauert huet. An hir stounge sech, am Tonkin, de Corps expéditionnaire d'Extrème-Orient vun der Union française an de kommunistesche Viet Minh géintiwwer.

Schluecht vun Điện Biên Phủ
Bataille de Dien Bien Phu.jpg
Schluecht vunĐiện Biên Phủ op der Kaart
Datum 13. Mäerz - 7. Mee 1954
Plaz Điện Biên Phủ
(Provënz Lai Châu, Vietnam)
Resultat Victoire vum Viet Minh
Kontrahenten
Flag of North Vietnam (1945–1955).svg Viet Minh FRAFRA Union française
* Flag of France.svg Frankräich
* Flag of South Vietnam.svg Staat Vietnam
Kommandanten
Võ Nguyên Giáp Christian de Castries
Marcel Bigeard
Konflikt
Indochinakrich

OflafÄnneren

D'Fransousen hunn d'Operatioun domat ugefaangen, hir Zaldoten zu Điện Biên Phủ, déif an den Hiwwele vum Nordweste vum Vietnam ze positionéieren, an duerno z'ënnerstëtzen. Den Zweck vun der Operatioun war et, d'Versuergungslinnen vum Viet Minh an d'Nopeschland Laos, dat e franséischen Alliéierte war, ofzeschneiden an de Viet Minh an eng grouss Konfrontatioun ze zéien fir en esou ze deziméieren. De Plang huet virgesinn, d'franséisch Positioun aus der Loft ze ravitailléieren, well een dovun ausgoung, datt de Viet Minh keng Fligerofwier hätt. Deen huet déi awer guer net gebraucht: de Viet Minh huet nämlech, ënner dem Generol Võ Nguyên Giáp, d'Fransousen ëmzéngelt a belagert. Si hu grouss Qantitéiten vu schwéierer Artillerie erbäigeschleeft (inklusiv Anti-Fliger-Waffen) an hunn et fäerdegbruecht, dës grouss Waffen duerch schwieregen Terrain op déi hënnescht Häng vun de Bierger eropzetransportéieren. De Viet Minh huet dunn Tunnelen duerch de Bierg gegruewen an d'Kanoune a Kasematten, mat Vue op dat franséischt Lager, positionéiert.

Am Mäerz 1954 huet de Viet Minh mat engem massiven Artilleriesbombardement lassgeluecht. D'Fransousen, ënner dem Kommando vum Colonel (spéider Generol) de Castries, hate keng Méiglechkeet, mat hirem Konter-Batterie-Feier dat z'ënnerbannen, well déi sech ëmmer nees an hir Tunnellen, resp. hannert de Bierg zréckzéie konnten. Et koum dunn zu engem zéie Kampf um Buedem, deen un d'Kämpf an den Tranchéeë vum Éischte Weltkrich erënnert huet.

Ufanks konnten d'Fransousen dem Viet Minh seng Stuermugrëffer op hir Positiounen ofwieren, iwwerdeems s'aus der d'Loft ravitailléiert goufen, mä dunn huet de Viet Minh Stéck fir Stéck Schlësselpositiounen ageholl, déi de Fransousen hire Perimeter esou verklengert hunn, datt Liwwerungen aus der Loft, op déi se hir Hoffnunge gesat haten, ëmmer méi schwéier an dunn onméiglech goufen.

No enger Belagerung vun zwéi Méint huet de Viet Minh d'Garnisoun frontal ugegraff an iwwerrannt, an déi meescht vun de franséische Kräften hu sech erginn. E puer vun hinne sinn an de Laos geflücht. Déi franséisch Regierung zu Paräis huet dunn demissionéiert, an den neie Premier Minister, de lénksen Zentrumspolitiker Pierre Mendès France, huet de franséische Réckzuch aus Indochina ënnerstëtzt.

AusbléckÄnneren

D'Schluecht vun Điện Biên Phủ war entscheedend; de Krich ass kuerz duerno op en Enn gaangen, an d'Genfer Accorde goufen am Juli 1954 ënnerschriwwen. Frankräich huet zougestëmmt, fir seng Truppen aus all senge Kolonien a Franséisch-Indochina zréckzezéien, an de Vietnam gouf - op d'Mannst zäitweileg - laanscht de 17. Breedegrad opgedeelt, woubäi de Viet Minh d'Kontroll iwwer den Norde krut, deen zu der Demokratescher Republik Vietnam gouf, ënner dem Ho Chi Minh, an de südlechen deel zum Staat Vietnam gouf, nominell ënner dem Keeser Bảo Đại, woumat verhënnert gouf, datt den Ho Chi Minh d'Kontroll iwwer dat ganzt Land kréich.