D'Schlass vu Franc-Waret steet an der Belsch an der Gemeng Fernelmont, an der Provënz Namouer.

Am 13. Joerhonnert gouf et op där Plaz eng grouss Ferme-Château. Zanter dem 16. Joerhonnert waren d'Gebaier an d'Lännereien am Besëtz vun der Famill de Groesbeeck.

Den Alexandre François de Groesbeeck huet am 18. Joerhonnert eng grouss Residenz am Louis XV-Stil bäibaue gelooss. D'Schlass war d'Summerresidenz vun der Groesbeeck-Famill.

Ëm d'Schlass leie grouss Gäert, en Englesche Gaart, an eng Orangerie.

Schlass vu Franc-Waret am August 2008