Schlass de Colnet d'Huart
D'Schlass de Colnet d'Huart ass e Schlass zu Bartreng dat ëm 1785 vum Baron Jacques Philippe Joseph d'Huart (1745-1816) gebaut gouf. Duerno huet säi Bouf Jean-François-Joseph d'Huart, Buergermeeschter vu Bartreng[1], dra gewunnt.
D'Haaptgebai vum Schlass (2020) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Bartreng |
Plaz | Bartreng |
Koordinaten | 49°36'49,14"N, 6°3'2,77"O |
Datum vum Bau | 1785 |
Proprietär | Croix-Rouge luxembourgeoise |
No sengem Doud am Joer 1837, gouf den Domaine sengem Schwoer Victor Theresia George Chelaincourt verkaf, dee mat der Auguste Elisabeth Sophia d'Huart bestuet war. Déi nei Besëtzer hunn den Alexander de Colnet adoptéiert an hie krut de Privileeg „d'Huart“ u säin Numm drun ze hänken. D'Schlass gouf méi spéit u säi Fils verierft a well dee keng Nokommen hat, gouf en éischten Deel 1944 un d'Rout Kräiz vermaacht. Den zweeten Deel huet d'Rout Kräiz dunn 1948 kaaft. No enger kompletter Renovatioun ass zanterhier ënnert dem Numm Fondation de Colnet d'Huart a Kannerheem am Schlass.
Hautdesdaags sinn d'Crèche Kannervilla grad ewéi verschidde Service vum Roude Kräiz (Solidarité Internationale, Familjenhëllef) am Schlass.
Um Spaweck
ännerenCommons: Schlass de Colnet d'Huart – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ vun 1805 bis 1808, vun 1817 bis 1824 a vun 1831 bis 1837