Schlass Wirtgen
D' Schlass Wirtgen ass e Gebai zu Dikrech am neigotesche Stil dat 1825 gebaut gouf. De Bäinumm "Schlass" krut et wéinst sengem deemools imposanten Ausgesinn.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Dikrech |
Plaz | Dikrech |
Adress | Place Auguste Wirtgen |
Koordinaten | 49°52'7,957"N, 6°9'43,276"O |
Baustil | Neigotik |
Statut | Nationaalt Monument |
Datum vum Bau | 1825 |
Proprietär | Gemeng Dikrech |
Geschicht änneren
Et huet dem Auguste Wirtgen, deen eng Entreprise mat Kutschen hat, gehéiert. No sengem Doud 1889 krut d'Gemeng Dikrech et geschenkt, déi et bis 1959 als Märei benotzt huet.[1]
Dono war d'Konschtgalerie vun der Stad Dikrech dran, an et si bis haut Klasse vum Conservatoire de Musique du Nord dran ënnerbruecht.[2]
Den 12. Mee 2021 gouf et als nationaalt Monument klasséiert.[3]
Renovatiounen änneren
D'Gebai gouf tëscht 1906 an 1907 ëmgebaut an a Stand gesat.
Tëscht 2015 an 2016 gouf et vun der Gemeng zum Deel renovéiert a krut en neien Ustrach.[1]
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Schlass Wirtgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen änneren
- ↑ 1,0 1,1 Gemeng Dikrech, Deiwelselter Mäerz 2016 7-8. Gekuckt de(n) 28 Dezember 2021.
- ↑ : Jean-Marc Streit: Die Burgen und Schlösser der Nordstad: ein manchmal verkanntes Kulturerbe. In: hex nordstad magazin, Nr. 9, Frühling 2017, S. 13–17.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).