D'Schlass Terlaemen läit an der der Gemeng Heusden-Zolder an der belscher Provënz Limburg.

Schlass Terlaemen
D'Schlass Terlaemen 2007

D'Schlass Terlaemen 2007
D'Schlass Terlaemen 2007
Land Belsch
Plaz Heusden-Zolder
Koordinaten 51° 00’ 02’’ N
      05° 16’ 19’’ O
Bauzäit 1750

Zum Schlass dat den Numm vun der Baach Laambeek krut déi dolaanscht leeft gehéieren 142 ha Terrain, déi aus Bëscher, Wisen a grousse Weiere bestinn. D'Weiere gehéieren zum grousse Weierkomplex Midden Limburg. Déi Weiere sinn am 13. Joerhonnert duerch den Ofbau vun Eisesandsteen entstanen.

Op Initiativ vun den Abteie vun Averbode an Herkenrode goufe se zanter dem 16. Joerhonnert fir Fëschzuucht benotzt. All Joer Enn Oktober ginn d'Weiere gezunn, fir d'Fësch besser fänken ze kënnen. De bekanntste Weier ass den Zareweier dee vis-a-vis vum Schlass läit. Hie krut säin Numm well an deem Weier Karpe fir de russeschen Haff gezillt goufen.

Fir d'éischt gouf Terlaemen am Joer 1293 als Besëtz vun der Clara van der Lamen ernimmt. Zanter där Zäit ass d'Wiese praktesch onverännert a Privatbesëtz bliwwen.

D'Schlass, sou wéi et haut nach ze gesinn ass, gouf am Joer 1750 vum Grof Jean de Borchgraeve als Juegdschlass gebaut, an déi zwéi méi niddreg Säitendeeler goufen 1811 vun der Famill Palmers de Terlamen bäigebaut.

De Schlassgaart gouf vun den haitege Proprietären am Stil vum 18. Joerhonnert ugeluecht.

Am Schlass wunnt d'Famill vum Jonkheer François de Bellefroid.