Schlass La Grange
Geschicht
ännerenVum Mëttelalter bis zum Enn vum 17. Joerhonnert stoung do schonn e Schlass, dat ursprénglech den Hären De Lagrange (Scheuren/Scura) hire Sëtz war. 1700 gouf et verkaaft. Den neie Proprietär huet 1731 en neit Gebai opriichte gelooss, dat haut nach do steet. D'Pläng ware vum Robert de Cotte. 1750 huet de Marquis de Fouquet et opkaaft, et ass bis haut am Besëtz vu senger Famill.
D'Schlass La Grange zielt zu deene schéinste loutrengesche Schlässer aus dem 18. Joerhonnert.
D'Famill de Selancy, déi haut am Besëtz vum Schlass ass, war och ganz staark mat der lëtzebuergescher Sidérurgie verbonnen. Si hat Propriétéiten zu Diddeleng, ënner anerem huet hir een Haff do gehéiert dee si der Gemeng verkaaft huet, fir datt op där Plaz dat haitegt Gemengenhaus konnt opgeriicht ginn. Eng Parti vum Gehaansbierg gehéiert och der Famill de Selancy - de Bertier. De Réné-Auguste-Anatole de Bertier war och Aktionär an de Leekolle vun Aasselbuer.
Besonnesch kuckeswäert ass de Jardin des prairiales deen zu de Jardins sans limites gehéiert.