De fréieren Irminenhaff, och Aalt Schlass genannt, ass e fréieren Haff vun der Benediktinerabtei Sankt Irminen, zu Rouspert. Am 19. Joerhonnert koum en an de Besëtz vun der Famill Tudor.

Schlass Irminenhaff
Land Lëtzebuerg
Plaz Rouspert
Adress 7, rue Henri-Tudor
Koordinaten 49° 48’ 14’’ N
      06° 29’ 54’’ O
Statut Nationaalt Monument
(Zousazinventaire)
Proprietär privat

D'Gebai, zesumme mam Landschaftspark an enger Millen, ass zanter 1984 um Zousazinventaire vun den nationale Monumenter klasséiert.[1]

Geschicht

änneren

Den Irminenhaff war e Guttshaff vum Klouschter Sankt-Irminen zu Oeren, bei Tréier. Déi éischt bekannt Lehnhäre sinn ëm d'Joer 1600 beluecht. No der Franséischer Revolutioun gouf e 1797 un déi deemoleg Piechterfamill Loser versteet.

1839 ass den John Thomas Tudor, ursprénglech aus Wales, iwwer d'Belsch a Frankräich op Lëtzebuerg komm, fir als Agronom um Besëtz vun der Famill Loser ze schaffen. An de Joren dono huet hien d'Marie Loser bestuet.[2]

1874 gouf den Haff vergréissert ëmgebaut, sou wéi mer en nach haut kennen, a krut de Bäinumm "Schlass". 1892 koum e weidere Fligel bäi. An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf de Besëtz vum Okkupant konfiszéiert, deen e Landheim fir Jongen dran installéiert huet.[3]

D'Gebai ass a Privatbesëtz.

Gaart a Millen

änneren

Laanscht d'Säit an hannert dem "Ale Schlass" huet den John-Thomas Tudor vun 1890 un en englesche Landschaftspark uleeë gelooss. 1892 gouf an engem Eck vum Gaart d'Villa Tudor gebaut, d'Wunnhaus vum Henri Tudor a senger Famill. Dem Tudor senger Fra Marie-Madeleine hir Famill war dunn de Proprietär vum "Ale Schlass" an dem Terrain ronderëm.[4]

An der Millen um Terrain, der fréierer Rousperter Bannmillen, huet den Henri Tudor 1881 de Bläiakkumulator erfonnt. Den 18. Juli 1981 gouf, zum honnertsten Anniversaire, eng Erënnerungsplack dodrun un d'Baussemauer vun der Mille gehaangen.[3]

Kuckt och

änneren

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
  2. "Luxembourg's Tudors: A lasting invention and a wonderful museum." in: Discover Benelux, Issue 43, July 2017, p.70.
  3. 3,0 3,1 Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.437-438.
  4. Anne-Aymone Schmitz: "Rathaus-Geschichten: Rosport-Mompach." wort.lu [w+], 03.05.2021.