Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Schlass Drottningholm läit bausse vu Stockholm an ass de Wunnsëtz vun der schweedescher Kinneksfamill. Et handelt sech ëm prachtvoll Gebaier déi als éischt schweedescht Kulturdenkmal op d'Lëscht vum UNESCO - Weltierwen opgeholl si ginn, besonnesch opgrond vun zwee Gebaier, dem chineesesche Schlässchen (Kina slott) an dem Drottningholmtheater.

D'Schlass Drottningholm vum Park aus gesinn
Den Drottningholmtheater

D'Schlass Drottningholm gouf an der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert am Barockstil no de Pläng vum Architekt Nicodemus Tessin d.Ä. gebaut, op där Plaz wou e fréiert Gebai duerch e Feier zerstéiert gi war. Säi Fils Nicodemus Tessin d.J. huet d'Ausféierung iwwerholl an och e Barockpark no franséischem Virbild ugeluecht. De Park gouf méi spéit vergréissert an de Gustav III. huet dunn och en englesche Gaart uleeë gelooss. Ëm 1760 huet d'Kinnigin Lovisa Ulrika eng Rei vun neie Gebaier baue gelooss, dorënner dat chineesescht Schlässchen am Rokoko-Stil mat orientaleschen Elementer an den Drottningholm Schlasstheater.

De Schlasstheater ass ee vun de bescht erhalene Barocktheatere an Europa. Seng Glanzzäit hat hien ënner dem Gustav III, dee selwer Theaterstécker geschriwwen huet an och gär als Schauspiller do opgetratt ass. Et sinn an deem Theater, deen haut erëm fir Opféierunge benotzt gëtt, eng Partie Bünebiller ausgestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Drottningholm – Biller, Videoen oder Audiodateien