Eng Schinnelasch ass eng Lasch, déi gebraucht gëtt fir Eisebunnsschinnen um Stouss mateneen ze verbannen.

Schinnelaschen, déi mat sechs Bullonge gehale sinn.

D'Schinnelasche ginn ëmmer als Koppel gebraucht a ginn op béide Säite vun der Schinn an d'Huelkiel tëscht dem Champignon an dem Fouss widder de Steg geluecht a gi gewéinlech mat véier oder sechs Bullonge festgezunn. Se kënne flaach sinn oder oder ausgekielt, oder och alt, bei méi ale Formen, heiansdo e Fouss hunn.

Schinnelasche ginn och agesat wann eng Weich soll sou blockéiert ginn, datt d'Zonge sech guer net méi verstelle kënnen.