Allée Scheffer

(Virugeleet vu(n) Scheffer-Allee)

D'Allée Scheffer, respektiv d'Scheffer-Allee ass eng Strooss am Quartier Lampertsbierg, an der Stad Lëtzebuerg. Si mécht déi nërdlech Ofgrenzung vum Glacis, a verbënnt, als Verlängerung vun der Allée des Résistants et des Déportés, dës mat der Rue des Glacis.

Allée Scheffer
Numm lb: Scheffer-Allee
Längt ca. 390 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier Lampertsbierg
Postcode 2550
Koordinaten 49° 37’ 01.9’’ N
      06° 07’ 22.3’’ O

Zanter 2018 leeft d'Linn 1 vum Stater Tram derduerch.

D'Strooss huet hiren Numm zu Éiere vum François Scheffer (1766-1844), deen e puermol Stater Buergermeeschter war.

Biller änneren

Gebaier änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Allée Scheffer – Biller, Videoen oder Audiodateien

D'Allée Scheffer an Ons Stad N° 65

Referenzen änneren