Schabloun Diskussioun:Navigatioun Haaptstied an Asien

Asgabat schéngt e bësse kribbeleg ze sinn, wéinst dem Numm. An der de steet, datt de n Numm op Däitsch "Aschgabat" wier, just, den artikel heescht net esou, deen heescht "Aşgabat". Dofir bei eis "Aschgabat". Wat mengen eis Haaptstadologen? --Cornischong 21:53, 26 November 2005 (UTC)

Mat de geographeschen Nimm hale mer eis jo un d' SPIEGEL Jahrbuch. (Länderlexikon: http://www.spiegel.de/jahrbuch/ ). Da si mer mat "Aschgabat" an "Ulan Bator" gebeicht!! --Cornischong 22:09, 26 November 2005 (UTC)

Net esou séier. D'Joerbuch vum Spiegel ass, esouwäit ech weess, net op Lëtzebuergesch geschriwwen, mee op Däitsch. Dacks sinn d'Nimm vun den auslännesche Länner a Stied bei de Preisen dselwecht wéi bei eis, mee eben net ëmmer. Wat fréier sowjetesch Stied ugeet hate mer decidéiert, de sowjeteschen Numm bäizebehalen, och wann déi nei Onofhängegkeetshären deen zënterhier e bësse verdréint hunn. Schlisslech ass just deen alen Numm zu Lëtzebuerg geleefeg an an eis Sprooch agaangen. Dee Prinzip do hu se souguer op der de-wiki unerkannt, leider just bäi Ausname wéi z.B. Kiew. An dësem turkmenesche Fall huele mer also net Aşgabat, mee Ашхабад - dem Duden no Aschchabad transliteréiert. --Otets ♣ 00:06, 27 November 2005 (UTC)

D'Haaptstad vu Kirgistan heescht Bischkek an net Bischek, wéi et an der Schabloun:AsiateschHaaptstied steet. --Volvox 21:00, 20. Dezember 2008 (UTC)

Zréck op d'Säit "Navigatioun Haaptstied an Asien".