Schabloun Diskussioun:Infobox Zeitung

Letzter Kommentar: viru(n) 2 Joer von GilPe

Moien,

Firwat sollen elo op eemol Aussoe wéi gegrënnt etc kleng geschriwwe ginn? Ass dat eng nei Opfaasung vun der Orthographie?--Les Meloures (Diskussioun) 14:13, 7. Jan. 2022 (UTC)Äntweren

Moien och,
et kann een der Opfaassung sinn, datt just Substantiver grouss geschriwwen ginn, et kann een awer och der Opfaassung sinn, datt mat all eenzel nei Ausso en neie „Saz“ ugeet an dann och grouss geschriwwe gëtt. Kee Problem, gëtt g'ännert. GilPe (Diskussioun) 22:02, 7. Jan. 2022 (UTC)Äntweren
Wier net besser amplaz gegrënnt an agestallt (souwisou e grujelescht Wuert) Éischt Ausgab a Lescht Ausgab ze gebrauchen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:16, 7. Jan. 2022 (UTC)Äntweren
Jo, averstanen, ass besser.
P.S. Och op der Diskussiounssäit ass et „Opfaassung“ an net „Opfaasung“ an „grugelegt“ an net „grujelescht“. GilPe (Diskussioun) 22:02, 7. Jan. 2022 (UTC)Äntweren
Gutt gesinn, ech verbesseren dat dann och an de Säiten a schreiwen dann awer och léiwer grujeleg amplaz deng Propos z'iwwerhuelen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:25, 8. Jan. 2022 (UTC)Äntweren
Haha, och alt nees gutt gesinn… sou kann een och e Selbstgol schéissen GilPe (Diskussioun) 11:28, 8. Jan. 2022 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Infobox Zeitung".