... de Staatsarchitekt Charles Arendt 1900 proposéiert hat, um Glacis eng neigotesch Kathedral mat Plaz fir bis zu 3.000 Leit ze bauen?
... de Puck 1877 vum William Fleet Robertson erfonnt gouf, andeems en einfach zwou Tranchë vun engem Vollgummisball uewen an ënnen ewechgeschnidden hat?
… de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
... de Schwaarze Spiecht, dee virum Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
... den Habschter Tunnel, beim Ofschloss vun den Aarbechten 1879, dee längsten am Land war?