Schabloun:WDS 5. November B
- ... vun den aacht grousse Landschaftsbiller vu Lëtzebuerger Buergen, déi de Barend Cornelis Koekkoek fir de Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gemoolt buet, der bis haut just nach véier erhale sinn?
- ... de Kilimanjaro aus dräi Vulkane besteet?
- ... um Kierfecht am Heeschdrëffer Park zanter 1919 iwwer 700 Schwëstere vun der Doctrine chrétienne begruewe sinn?
- ... de Bau vum Sydney Opera House 14,3-mol méi kascht huet wéi ufanks geplangt?
- ... an der Géisdrëffer Antimongrouf 1935 e Block Antimonäerz vun 52 kg fonnt gouf, wat bis dohin dee gréisste vun der Welt war?