Schabloun:WDS 4. Mäerz
- ... d'Uewerfläch vum Doudege Mier ronn 400 m ënnert dem Mieresspigel ass?
- ... de Medezinner a Cheemiker Henri-Jean-Népomucène Crantz vu Rued (1722-1792) fir seng Fuerschungen an der Hygiène fir Hiewanen vum Jousef II. geadelt gouf?
- ... de Peschtvull sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
- ... de Stadpark vun Esch-Uelzecht 1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'Adolf-Emil-Hütte ze bauen?
- ... et dräimol an der Geschicht en 30. Februar gouf?