… bei der sougenannter Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941 d'Resistenzgruppen d'Lëtzebuerger majoritär dovun iwwerzeegt kruten, bei verfängleche Froen iwwer Mammesprooch a "Volkszugehörigkeit" mat "Lëtzebuergesch" amplaz, wéi praktesch virgeschriwwen, mat "deutsch" z'äntwerten?
... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
... et 1949 eng Herrenberg-Lift-Gesellschaft gouf, fir zu Dikrech eng Seelbunn op den Härebierg ze bauen, mee schonn 1950 decidéiert gouf, amplaz vun engem Ausfluchszil duer eng Kasär hin ze bauen?