Schabloun:WDS 30
- …den Étienne Lenoir (1822-1900) 1860 deen éischte brauchbare Gasmotor an 1863 dat éischt Stroossegefier, dat domat ugedriwwe gouf, gebaut huet?
- ... "Luxemburg" gläich dräi Uertschaften an de Vereenegte Staaten heeschen?
- ... d'Tranchée de Caster an der Belsch e 65 Meter déiwen Aschnëtt an d'Montagne Saint-Pierre ass, déi tëscht 1930 an 1933 fir den Albertkanal ugeluecht gouf?
- ... d'Kierchtierm vun der 1858 gebauter Kierch St. Alphonse ("Paterekierch") an der Stad Lëtzebuerg, sou niddreg sinn, well se no bei der Festungsmauer stoungen a soss eng giedeleg Zilscheif gi wieren, wa se méi héich gewiescht wieren?
- ... den Asteroid (255019) Fleurmaxwell no der Lëtzebuerger Äiskonschtleeferin Fleur Maxwell benannt gouf?
- ... déi kasachesch Haaptstad bannent 6 Joerzéngte fënnefmol den Numm gewiesselt huet?