Schabloun:WDS 25. Abrëll
- ... den Amazonas seng Quell 190 km vum Pazifik ewech huet, mä da méi wéi 6000 km queesch duerch Südamerika leeft, fir dann an den Atlantik ze lafen?
- ... déi zwéin Detektiven an Dem Tintin senge Geschichten, am Original Dupont et Dupond, an de lëtzebuergeschen Iwwersetzunge Biwer a Biver heeschen?
- ... de Péiterséileginselkonflikt e Grenzkonflikt tëscht Spuenien a Marokko war, deen ausgebrach ass, wéi am Juli 2002 marokkanesch Truppen op der Péiterséileginsel u Land gaange sinn?
- … am Arno Schmidt sengem Roman Abend mit Goldrand eng ganz Rei Beschreiwungen iwwer Lëtzebuerg stinn, obwuel de Schmidt ni e Fouss an d'Land gesat huet?
- ... d'Drëttel-Reegel an der Fotografie dora besteet, datt de 'Bléckfank' vum Bild op enger Intersektioun vun den horizontalen a vertikale Linne vu jee engem Drëttel vum Bild ass?