Schabloun:WDS 21. Juli
- ... nom Groussherzog Henri senger Mamm schonns zu Liefzäiten eng Bréisseler Metrosstatioun genannt gouf?
- … de Codex Aureus Epternacensis, d'Gëllen Evangeliebuch vun Iechternach (entstanen 1030-1050), 1955 zu Verkaf stoung, mä de Lëtzebuerger Staat en deemools net kafe wollt oder konnt, an en sou an de Germanische Nationalmuseum zu Nürnberg koum, wou en haut nach ass?
- ... et 1982 am Simbabwe e Gesetz gouf, dat et verbueden huet, de Geck mam President Canaan Banana sengem Familljennumm ze maachen?
- ... dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
- … zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?