Schabloun:WDS 2. Mäerz
- ... de Peschtvull sou genannt gëtt, well fréier säi sporadescht a mysteriéist Opdauchen a Mëtteleuropa als e schlecht Omen ugesi gouf?
- ... de Stadpark vun Esch-Uelzecht 1911 um Hank vum Gaalgebierg ugeluecht gouf, well den Escher Bësch, wou d'Leit soss an d'Gréngs trëppele goungen, bal ganz ofgeholzt gi war, fir do d'Adolf-Emil-Hütte ze bauen?
- ... et dräimol an der Geschicht en 30. Februar gouf?
- ... d'Zitrouneblat e Päiperlek ass deen als Päiperlek iwwerwantert?
- ... dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 deen éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergesche war?