... de Mathias Hardt (1809-1877) mat sengem Vocalismus der Sauermundart (1834) déi éischt wëssenschaftlech Beschreiwung vum Lëtzebuergesche gemaach huet?
... d'Erfindung vum Timber et mat sech bruecht huet, datt net méi deen, deen e Bréif kritt, mä deen, deen e fortschéckt, de Porto huet misse bezuelen?
... et 1949 eng Herrenberg-Lift-Gesellschaft gouf, fir zu Dikrech eng Seelbunn op den Härebierg ze bauen, mee schonn 1950 decidéiert gouf, amplaz vun engem Ausfluchszil duer eng Kasär hin ze bauen?
... d'Lëtzebuerger Ofkommes vun 1952 deen éischten internationale Vertrag ass, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet?