… de Begrëff "Télécran" fir d'éischt an der franséischer Iwwersetzung vum George Orwell sengem Roman Nineteen eighty-four fir den englesche Begrëff telescreen gebraucht gouf?
... Var dat eenzegt franséischt Departement ass, dat no engem Floss genannt ass (dem Var), deen hautesdaags guer net derduerchleeft?
... de Milbekéis eng Spezialitéit aus Sachsen-Anhalt ass, deen duerch d'Exkrementer vun e puer Millioune Milben, déi drop sëtzen, zeideg gëtt, a sou säin typesche Goût kritt?
… den Edouard Luja (1875-1953), e lëtzebuergesche Biolog, Fuerscher an Entdeckungsreesenden, eng 130 bis dohin onbekannt Planzen- an Déierenaarten entdeckt huet, wouvun der eng Partie säin Numm kruten, z. B. d'Acacia Lujaei oder d'Eulophia Lujaeana??