Schabloun:WDS 15. Januar B

  • ... ufanks vun den 1960er Jore beim Uleeë vum Our-Stauséi en Deel vun der Uertschaft Biwels huet missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn?
  • ... d'Gro Gaardewanz (Rhaphigaster nebulosa) am 20. Joerhonnert éischter seelen zu Lëtzebuerg war, zanter ongeféier 2010 do besonnesch opfälleg am Hierscht ass, wa s'en Masse versicht, an Haiser anzedrénge fir z'iwwerwanteren?
  • ... d'Christ Roi-Kapell'um Belair 1931 dat éischt Kierchegebai zu Lëtzebuerg war, dat net am traditionellen neo-romaneschen oder neo-gotesche Stil gebaut gouf?