Schabloun:WDS 12. Abrëll

  • ... d'Mundaneum vum Belsch Paul Otlet (1868-1944) eng Zort Multimedia-Archiv war, dat un e bibliographesch-enzyklopedesche Repertoire gekoppelt war, an haut als eng "analog Sichmaschinn" vum Wësse vun der Welt ugesi gëtt?
  • … de Sender 1212 e Radiosprogramm an däitscher Sprooch war, dee vum Dezember 1944 bis Krichsenn vum amerikanesche militäresche Geheimdéngscht als "schwaarz Propaganda" nuets iwwer d'Anlage vu Radio Lëtzebuerg ausgestraalt gouf?
  • ... de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?