Schabloun:WDS 11. Juni B
- ... Foussball am No Mans Land 1914 e Frëndschaftsmatch tëscht engleschen an däitschen Truppe war, déi sech an den Tranchéen op der Front a Frankräich wärend dem Éischte Weltkrich bekricht hunn?
- ... et scho wärend der éisträichescher Zäit am Herzogtum Lëtzebuerg an duerno och am Département des Forêts eng Hondssteier gouf?
- ... d' Feltgeniomyces luxemburgensis, eng Ascomycota-Pilzenaart, déi 1990 zu Lëtzebuerg entdeckt a beschriwwe gouf, déi éischt bekannt Aart vun der Gattung ass?
- ... et am 13./14. Joerhonnert am Jeneeserbësch eng Schmelz gouf, déi gréisst bis ewell entdeckt Plaz vun Eisegewënnung aus dem Mëttelalter a Mëtteleuropa?
- ... Eilekatz aus onverdaulechen Iessreschter (Schanken, Fiederen, ...) besteet, deen Eilen oder aner Gräifvullen erauswiergen?