Schabloun:WDS 11. Januar
- ... den Alphonse de la Fontaine (1825-1896), e Brudder vum Edmond de la Fontaine (Dicks), Auteur vun der éischter Fauna vun de Wierbeldéieren vu Lëtzebuerg war?
- ... bei der Krispines-Kapell, och Péiter Onrou genannt, um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen (Bild), fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?
- ... et an der Kölner Kanalisatioun e Sall gëtt, dee mat Lüsteren dekoréiert ass?
- ... d'Marguerite Thomas-Clement (1886-1979) 1919 déi éischt a laang eenzeg Fra war, déi an d'Lëtzebuerger Chamber gewielt gouf?
- … et verschidden Theorien iwwer den Ënnergang vun der Minoescher Kultur ginn, wouvun déi gängegst e Vulkanausbroch op der Insel Thira dofir verantwortlech mécht?