Schabloun:WDS 1. Mäerz B
- ... dee Mann, dee 1707 zu Lëtzebuerg d'Gromper agefouert soll hunn, bei engem Duell ëm d'Liewe koum?
- ... den Johnny Weissmuller, deen tëscht 1932 an 1948 a Filmer den Tarzan gespillt huet, virdrun olympesche Champion am Schwamme war, an eng Goldmedail am Waasserball gewonnen hat?
- ... vun den ursprénglech 94 stenge Maarken, déi 1772 ënnert der Maria Theresia opgeriicht goufen, fir d'Limitte vun der Stad Lëtzebuerg ze markéieren, der haut nach 63 bestinn?
- ... d'Maria Theresia vun Éisträich de 25. Juni 1741 zum Kinnek vun Ungarn gekréint gouf, well et dofir kee weiblechen Titel gouf?
- ... d'Wochenblatt für Bürger und Landleute 1837 déi éischt "Provënz"zeitung zu Lëtzebuerg, an och déi éischt mat engem Feuilleton war?