Schabloun:Op engem 8. Oktober
- 1604: De lëtzebuergesche Geeschtlechen an Historiker Alexander Wiltheim gëtt gebuer.
- 1672: Gebuert vum Charles Bernard du Bost-Moulin, hien huet zu Lëtzebuerg d'Gromper agefouert.
- 1741: De Moler Jean-Louis Gilson (Brudder Abraham vun Orval) kënnt op d'Welt.
- 1856: Ufank vum Zweeten Opiumkrich tëscht Groussbritannien a Frankräich an dem Keeserräich China.
- 1949: Déi US-amerikanesch Schauspillerin Sigourney Weaver gëtt gebuer.
- 1959: Gebuert vum lëtzebuergesche Vëlossportler Claude Michely a vum lëtzebuergesche Graphiker Carlo Schmitz.
- 1992: Doud vum däitsche Bundeskanzler a Friddensnobelpräisdréier Willy Brandt.
- 2005: Bei engem Äerdbiewen am Kaschmir, an der Grenzregioun tëscht Pakistan an Indien, komme méi wéi 41.000 Mënschen ëm d'Liewen.