Schabloun:Op engem 7. Dezember
- 43 v. Chr.: Doud vum réimesche Politiker, Riedner a Schrëftsteller Marcus Tullius Cicero.
- 903: Gebuert vum perseschen Astronom Abd ar-Rahman as-Sufi.
- 983: Den Otto II., Keeser vum Hellege Réimesche Räich, stierft.
- 1915: Den US-amerikanesche Schauspiller Eli Wallach gëtt gebuer.
- 1924: De portugisesche Politiker Mário Soares kënnt op d'Welt.
- 1928: Gebuert vum US-amerikanesche Sproochwëssenschaftler Noam Chomsky.
- 1941: Japanesch Attack op Pearl Harbor, d'USA trieden doropshin an den Zweete Weltkrich an.
- 1949: Den US-amerikanesche Sänger, Schauspiller a Lidderschreiwer Tom Waits kënnt op d'Welt.