Schabloun:Op engem 10. Dezember
- 1588: Gebuert vum Jean Grof vun Aldringen, Feldhär vun der kathoulescher Ligue.
- 1799: Frankräich féiert de Meter-System an.
- 1815: Déi brittesch Mathematikerin Ada Lovelace gëtt gebuer.
- 1822: De belsche Komponist César Franck kënnt op d'Welt.
- 1830: Gebuert vun der US-amerikanescher Dichterin Emily Dickinson.
- 1901: Den Nobelpräis gëtt fir d'éischt Kéier verginn.
- 1936: Den Edward VIII. verzicht op d'brittesch Kroun, fir kënne mat der (net-adleger) Wallis Simpson zesummen ze bleiwen.
- 1948: D'UNO hëlt d'Universal Deklaratioun vun de Mënscherechter un.