Schabloun:Op engem 1. November
- 1570: Allerhellegenhéichwaasser op der Nordmierküst vun den Nidderlanden a vun Däitschland; ronn 20.000 Doudeger.
- 1755: Lissabon gëtt bei engem Äerbiewen an engem Tsunami duerno zu zwee Drëttel zerstéiert. Ongeféier 60.000 Mënsche kommen dobäi ëm d'Liewen.
- 1842: Gebuert vum lëtzebuergeschen Industriellen a Politiker Léon Metz.
- 1880: Den däitsche Meteorolog a Geophysiker Alfred Wegener gëtt gebuer.
- 1885: De lëtzebuergesche Politiker Pierre Dupong kënnt op d'Welt.
- 1894: Den Nikolai II. gëtt nom Doud vu sengem Papp Alexander III. Zar vu Russland.
- 1956: Ungarn erkläert seng Neutralitéit an den Austrëtt aus dem Warschauer Pakt. Doropshi fänke sowjetesch Truppen un, den Ungaresche Volleksopstand nidderzeschloen.
- 1993: Den Traité vu Maastricht trëtt a Kraaft; d'Europäesch Unioun gëtt gegrënnt.