Schëld E, 1a

Verkéiershiwäisschëld


D'Schëld E, 1a ass en Hiwäisschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat, ier een op eng Kräizung kënnt, de Wee uweist fir déi Uertschaften oder Ziler z'erreechen déi ugewise sinn. D'Nummeren déi an engem klenge Kader ugewise ginn, sinn d'Schëlter E,21d bis E,21dc a ginn d'Nummer vun der Strooss un déi een huele muss fir d'Ziler z'erreechen. Wann d'Stroosse mat engem Feil ofgebillt sinn, da gëtt d'Stroossennummer um Feil uginn. Wann d'Stroossen net ofgebillt sinn, da steet d'Nummer nieft dem Uertschaftsnumm. E Lieu-dit, e Quartier vun enger Uertschaft oder e lokaalt Zil gëtt kursiv geschriwwen, an engem Kader mat wäissem Hannergrond. D'Distanz vum Schëld bis op d'Kräizung kann an engem Kader ënnen um Schëld ugi ginn.

Schëld E, 1a
Bezeechnung E, 1a
Kategorie Verkéiershiwäisschëld
Land Lëtzebuerg
ageféiert 23. November 1955

D'Illustratiounen hei drënner si Beispiller vum Schëld E,1a:

Originaltext aus dem Code de la route änneren

„1.a. Présignaux directionnels sur la voirie normale – Le présignal E, 1a, dont les illustrations ci-dessus sont des exemples, annonce à l'approche d'une intersection les directions à suivre pour atteindre les agglomérations ou les autres destinations indiquées. Les numéros inscrits dans un cartouche reprennent les signaux E,21d à E,21dc et indiquent les numéros d'identification des voies publiques à emprunter pour atteindre les destinations. Les voies publiques représentées par une flèche ont leur numéro d'identification inscrit sur cette flèche. Les voies publiques non représentées ont, le cas échéant, leur numéro inscrit à côté du nom d'une destination. L'inscription d'un lieu-dit, d'un quartier d'agglomération ou d'une destination locale apparaît en italique dans un cartouche blanc. La distance qui sépare le présignal de l'intersection qu'il annonce peut être inscrite dans un cartouche en bas du présignal“

Artikel 107 – V. Signaux d'indication[1]

Bemierkungen änneren

  • D'Schëld E, 1a gehéiert zu de Schëlter déi 1955 an der éischter Versioun vum Code de la route agefouert goufen; et war deemools ënnert der Nummer 53 vum Artikel 107 definéiert[2]

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiershiwäisschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. (fr)Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (version initiale). data.legilux.public.lu (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.