Schëffslift vun Anderton

De Schëffslift vun Anderton gouf 1875 gebaut an ass den eelste Schëffslift op der Welt.

Schëffslift vun Anderton

De Lift ass an England net wäit ewech vun der Uertschaft Anderton am Cheshire. E verbënnt zwou Wasserstroossen, de Weaver an den Trent-a-Mersey-Kanal.

Well de Weaver 16 Meter méi déif wéi de Kanal läit war de Bau vu sou engem Lift d'Méiglechkeet, fir eng Serie vu Schleisen z'evitéieren. De Lift besteet aus zwéi grousse Waasserbasengen, wouvun deen een dem anere Kontergewiicht mécht, wat erlaabt, gläichzäiteg erop an erof ze schleisen.

Am Ufank war dee ganze Mechanissem hydraulesch, ass awer no 25 Joer Déngscht duerch elektresch Motoren ersat ginn, an dat Ganzt huet iwwer e System vu Pullien a Kontergewiichter funktionéiert. Dat huet erlaabt datt déi zwéi Bace konnten onofhängeg vunenee manövréiert ginn.

De Lift, dee staark duerch de Rascht beschiedegt war, huet zanter 1983 net méi funktionéiert, a gouf 2002 komplett restauréiert, a gëtt och elo erëm hydraulesch bedriwwen.

De Lift vun Anderton an d'Rad vu Falkirk a Schottland sinn déi zwéin eenzeg Schëffslifter a Groussbritannien.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Anderton boat lift – Biller, Videoen oder Audiodateien