Saurimo ass eng Stad am Nordoste vun Angola, déi virun der Onofhängegkeet vum Land Henrique de Carvalho geheescht huet. Si ass d'Haaptstad vun der Provënz Lunda Sul.

Saurimo
Stroossenzeen am Zentrum vu Saurimo
Land Angola
Vewaltungseenheet Lunda Sul
Awunner 393.000
  2014
Fläch ?
Héicht 1.100
Koordinaten 09° 40’ 00’’ S
      20° 23’ 00’’ O
Websäit /

Geschicht änneren

Géint Enn vum 19. Joerhonnert hunn dem portugiseschen Offizéier Henrique Augusto Dias de Carvalho seng Truppen d'Uertschaft Saulimbo eruewert an do eng nei Uertschaft gegrënnt. D'portugisesch Kolonialverwaltung huet hir den Numm vum Eruewerer ginn, Henrique de Carvalho. 1923 ass si eng Klengstad ("vila") ginn, an den 28. Mee 1956 krut si Stad-Status. Wéi Angola 1975 onofhängeg ginn ass, ass d'Stad ëmbenannt ginn a krut den aktuellen Numm.

Geographie änneren

D'Gemeng Saurimo ass eng vu véier Gemengen an der Provënz a setzt sech aus der Stad an 140 Dierfer zesummen. Si huet iwwer 423.000 Awunner.[1] Haaptethnie sinn d'Chokwe; doduerch ass Chokwe och déi am heefegste geschwate Sproch zu Saurimo.[1]

De Buedem an der Ëmgéigend vu Saurimo ass räich un Diamanten, Mangan an Eisen.

D'Stad läit op enger Héicht vu ronn 1.100 m iwwer dem Mieresspigel an d'Duerchschnëttstemperature leien tëscht 16 an 23 Grad Celsius.[2]

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Saurimo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Zitéierfeeler: Ongëlteg <ref> Markéierung; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam Numm AOP
  2. Mike Stead, Sean Rorison, Oscar Scafidi, 2013, "Angola - the Bradt Travel Guide", 2. Editioun, Lunda Sul, Säit 309, online consultéieren op Google Books