Saud ibn Abd al-Aziz

saudi-arabesche Kinnek (1953–1964)

De Saud ibn Abd al-Aziz Al Saud (Arabesch: سعود بن عبد العزيز آل سعود), gebuer de 15. Januar 1902 zu Kuwait-Stad a gestuerwen den 23. Februar 1969 zu Athen, war vun 1953 bis 1964 den zweete Kinnek vu Saudiarabien.

Saud ibn Abd al-Aziz
Gebuer 15. Januar 1902
Kuwait City
Gestuerwen 23. Februar 1969
Athen
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Saudiarabien
Aktivitéit Politiker, Militär, Staatsmann, Monarch, Diplomat
Famill
Papp Abd al-Aziz ibn Saud
Mamm Wadhah Bint Muhammad
Geschwëster Al-Bandari bint Abdul-Aziz Al Saud, Al Jawhara bint Abdulaziz Al Saud, Latifa bint Abdulaziz, Seeta bint Abdulaziz Al Saud, Musa'id bin Abdulaziz Al Saud, Mutaib ibn Abd al-Aziz, Fahd ibn Abd al-Aziz, Muhammad bin Abdulaziz Al Saud, Turki I bin Abdul-Aziz Al Saud, Khalid ibn Abd al-Aziz, Faisal ibn Abd al-Aziz, Turki ibn Abd al-Aziz, Mischal ibn Abd al-Aziz, Abd ar-Rahman ibn Abd al-Aziz, Sattam bin Abdul-Aziz Al Saud, Sultan ibn Abd al-Aziz, Naif ibn Abd al-Aziz, Salman ibn Abd al-Aziz, Ahmed ibn Abd al-Aziz, Abdul Majeed bin Abdulaziz Al Saud, Hazloul bin Abdulaziz Al Saud, Badr bin Abdulaziz Al Saud, Fawwaz bin Abdulaziz Al Saud, Mashhur bin Abdulaziz Al Saud, Abdul Ilah bin Abdulaziz Al Saud, Bandar bin Abdulaziz Al Saud, Abdullah ibn Abd al-Aziz, Mamdouh bin Abdulaziz Al Saud, Mansour bin Abdulaziz, Nasser bin Abdulaziz, Nawwaf bin Abdulaziz Al Saud, Talal ibn Abd al-Aziz, Saad bin Abd al-Aziz, Muqrin ibn Abd al-Aziz Al Saud, Thamir bin Abdulaziz Al Saud, Abdul Muhsin bin Abdulaziz Al Saud, Majid bin Abdulaziz Al Saud, Mishari bin Abdulaziz Al Saud, Munira bint Abdulaziz, Haya bint Abdulaziz Al Saud, Luluwah bint Abdul-Aziz Al Saud, Sultana bint Abdul-Aziz Al Saud, Nura bint Abdulaziz

Hie war den zweeteelste Jong vum Kinnek Abd al-Aziz ibn Abd ar-Rahman Al Saud, dem Grënner vun der Saud-Dynastie an éischte Kinnek vu Saudiarabien. Den 10. Mee 1933 gouf de Prënz Saud zum Krounprënz ernannt, dat entgéint der Traditioun, no där dat eréischt just virum Doud vum aktuelle Kinnek, a mat de Beduinen ofgeschwat, sollt geschéien.

Am Oktober 1953 gouf hie vu sengem Papp zum President vum nei agesate Ministerrot an och zum Commandant-en-Chef vun der Arméi ernannt. Den 9. November 1953 gouf de Saud, nom Doud vu sengem Papp, zum neie Kinnek ernannt, a säi Brudder, de Prënz Faisal, zum neie Krounprënz.

Hien huet grosso-modo d'Politik vu sengem Papp virugefouert, absënns déi enk Relatioune mat den USA a mat Groussbritannien.

Seng Regierungszäit war vu Spannungen tëscht him a sengem Brudder Faisal markéiert. Ë. a. dem Kinnek säi labberen a verbëtzeresche Liewensstil huet dem Faisal, deen e strenge Wahhabit war, net gefall. Dëse Konflikt huet sech 1964 zougespëtzt, wou sech d'kinneklech Garde an d'Nationalgarde zu Riad enaner géintiwwer stoungen. De Mononk vun deenen zwéin, de Prënz Abdullah bin Abd ar-Rahman Al Saud, huet doropshi mat deene wichtegsten Ulema vum Kinnekräich geschwat an erreecht, datt s'eng Fatwa decidéiere géifen, déi de Kinnek ofgesat huet. No engem hallwe Joer, wou e sech dergéint gewiert huet, huet de Saud schlussendlech opginn.

Den 2. November 1964 huet seng Herrschaft offiziell opgehalen, an deen Dag drop goung en an den Exil, ë. a. op Genf, Paräis an op d'Côte d'Azur, wou e sech et gutt goe gelooss huet, dono och op Heliopolis bei Kairo an op Athen, wou en un engem Häerzschlag gestuerwen ass.

A Saudiarabien gouf no sengem Doud net méi vill vun him geschwat; just d'Universitéit vu Riad, d'Kinnek-Saud-Universitéit, déi en 1957 opgemaach huet, dréit säin Numm.

Hien hat 52 Jongen a 50 Duechteren, vun offiziell zwielef Fraen, mat deenen e bestuet war. Dobäi kommen nach eng 50 Kanner, déi e mat Sklavinne kritt hat.

Um Spaweck änneren

Commons: Saud ibn Abd al-Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien