Satoru Iwata

japanesche Videospillentwéckler a Firmechef

De Satoru Iwata (Japanesch: 岩田 聡), gebuer de 6. Dezember 1959 a gestuerwen den 11. Juli 2015[1], war e japanesche Videospillentwéckler a Firmechef.

Satoru Iwata
Gebuer 6. Dezember 1959
Sapporo
Gestuerwen 11. Juli 2015
Kyoto
Doudesursaach Galekanalkarzinom
Nationalitéit Japan
Educatioun Technologeschen Institut vun Tokyo
Aktivitéit Entreprener, Videospillproduzent, Ingenieur, Informatiker, Delegéierte Produzent

Wärend sengem Studium op der Universitéit vun Technologië vun Tokio, gouf hie vun HAL Laboratory als Deelzäitaarbechter engagéiert. No sengem Studium krut hien do eng fest Plaz. Nodeem e laang President vun där Entreprise war, ass hien am Joer 2000 als Planifikatiounschef bei Nintendo gewiesselt a gouf do Enn Mee 2002 President an Direktiounschef.

2007 an 2008 huet den New York Times Magazine an de Barron's Magazine hien zu engem vun de beschten Entreprisëféierer vun der Welt deklaréiert.[2] Hien hat 2009 e Joresgehalt vun 187 Millioune Yen (1,7 Milliounen Euro).[3]

Hien ass den 11. Juli 2015 un engem Galegankkarzinom gestuerwen, obwuel e virdrun dovu geheelt gi war. Hien hat bei wichtege Projete matgeschafft, wéi: Pokémon, Kirby, The Legend of Zelda oder och d'Serie Metroid.

Um Spaweck änneren

Commons: Satoru Iwata – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. (en) http://www.nintendo.co.jp/ir/pdf/2015/150713e.pdf Notification of Death and Personnel Change of a Representative Director (President)
  2. The World's Best CEOs, gekuckt de 26. Mäerz 2007
  3. (fr) Nintendo: le salaire d'Iwata op Gamekult, gekuckt den 29. Juni 2010