De Sato Shori (jap. 佐藤勝利) gebuer den 30. Oktober 1996 zu Tokyo. Hien ass Sänger an der Boygroup Sexy Zone déi zu der Museksagence Johnny & Associates gehéiert.

Sato Shori
Gebuer 30. Oktober 1996
Tokio
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Schauspiller, Sänger

Biographie änneren

Den 30. Oktober 2010 krut hien e Kontrakt bei Johnny & Associates. Obwuel hien nach net laang an der Agence war, huet hie seng Carrière de 16. November 2011 mat Sexy Zone ugefaangen a krut an der Grupp d'Zentralpositioun an de Choreographien.[1]

Hie gouf als Schauspiller bekannt wéi en 2012 am TV-Drama Hungry an enger Nieweroll opgetrueden ass. Obwuel hien e bëssen Erfarung an der TV-Comedy Koisuru Ganbare-bu gesammelt hat, huet hien eréischt mam TV-Drama Hungry richteg debutéiert.[1] Am September 2013 krut hie seng éischt Haaptroll an der TV-Serie 49, déi vun NTV produzéiert gouf.[2]

Dramaen[3] änneren

Sato Shori huet bis elo an 3 Dramae matgemaach:

  • 2012: Summer Nude (als Taniyama Shun - Nieweroll)
  • 2012: Hungry! (als Okusu Sasuke - Nieweroll)
  • 2013: 49 (als Dan Kagami - Haaptroll)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://www.oricon.co.jp/news/movie/2004128/full/?cat_id=tw
  2. Archive copy Archivéiert op 2014-08-18. Gekuckt de(n) 2014-03-09.
  3. http://mydramalist.com/actor/2090/sato-shori