Sanctuaire vu San Andrés de Teixido

Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sanctuaire vu San Andrés de Teixido (op Spuenesch: Santuario de San Andrés de Teixido, op Galicesch: Santuario de Santo André de Teixido) ass eng Kapell am Duerf San Andrés de Teixido an der Gemeng Cedeira an der spuenescher Regioun Galicien. Zanter wéinstens dem 14. Joerhonnert ass d'Kapell eng wichteg Pilgerplaz an no Santiago de Compostela déi zweetwichtegst a Galicien. Dat lokaalt Fest gëtt den 8. September gefeiert.[1]

De Sanctuaire vu San Andrés de Teixido
De Chouer vum Sanctuaire

Historesch gesi war de Sanctuaire en Deel vun engem mëttelalterleche Klouschter. D'Kapell gouf an engem typesch südlännesche gotesche Baustil gebaut,[2] awer s'ass och interessant wéinst dem Altor am barocke Stil.[3]

Um Spaweck änneren

Commons: Sanctuaire vu San Andrés de Teixido – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Xosé Lois Armada Pita: Cultos ancestrais e peregrinacións a Teixido, en Aulas no Camiño. Rutas Atlánticas (J. Leira ed.), Universidade da Coruña, 1997.
  2. Soraluce Blond, J. R. (1999). Guía da arquitectura galega. Guías Galaxia. Vigo: Editorial Galaxia. p. 125. ISBN 84-8288-186-8.
  3. Basilio Cegarra (1999). Guía e rutas da arte. A Coruña. Guías Galaxia. Vigo: Editorial Galaxia. p. 21. ISBN 84-8288-326-7.