De roude Wäi vu Saint-Emilion huet eng eegen Appelatioun déi och e puer Nopeschgemengen aschléisst. Zesumme mat dem Pomerol bilt Saint-Emilion d'Kärgebitt vum sougenannten rietsen Ufer (Gironde resp. Dordogne), no der Stad Libourne och Libournais genannt. D'Médoc-Hallefinsel an d'Regioun Graves gëtt als lénkst Ufer bezeechent.
Nieft deenen zwou genannten Appelatioune gehéieren och déi sougenannt Satellitten-Appelatioune Lalande-de-Pomerol, Montagne-Saint-Emilion, Puisseguin-Saint-Emilion, Lussac-Saint-Emilion, Saint-Georges-Saint-Emilion, Fronsac a Canon-Fronsac zum Libournais.
Wéi um rietsen Ufer üblech, dominéieren och an de Cuvéeë vu Saint-Emilion d'Riefzort Merlot. Eenzeg a puer Châteauen um Plateau ob der Grenz zu Pomerol, z. B. Château Figeac a Château Cheval Blanc, huelen zum gréissten Deel Cabernet-Sauvignon resp. Cabernet Franc.

D'Wäigutt Clos Fourtet zu Saint-Emilion (2006)

Appelatioune vu Saint-Emilion änneren

Als eppes Besonnesches gëtt et zu Saint-Emilion zwou Appelatiounen. Saint-Emilion a Saint-Emilion Grand Cru. Fir déi leschtgenannte mussen d'Wäiner enger zweeter Qualitéitspréiwung ënnerzu ginn ier se an d'Fläsche gefëllt ginn. Allerdéngs geet d'Tendenz kloer an d'Richtung vun der Produktioun vu Grand Crus.
Am problematesche Joer 2002 sinn 134.850 hl Wäin als Grand Cru an nëmmen nach 82.750 hl als Saint-Emilion deklaréiert ginn. 1990 war d'Relatioun mat 156.600 hl Grand Cru zu 137.200 hl Saint-Emilion nach méi ausgeglach, obwuel de Joergang qualitativ ganz héich agestuuft war.

Klassement änneren

Am Klassement vu Bordeaux-Wäiner vun 1885 war de Saint-Émilion net dobäi. Dofir huet de Wäisyndicat vu Saint-Émilion decidéiert een eegent Klassement opzestellen. Déi bescht Grands Crus genéissen e besonnesche Status als klassifizéiert Gewächser, woubäi een normalerweis tëscht engem Grand Cru Classé an engem Premier Grand Cru Classé ënnerscheet. D'Klassifikatioun gëtt ongeféier all 10 Joer iwwerschafft. An de Joren mat enger 4 um Schluss gëtt d'Positionéierung vun de Wéngerte festgeluecht, déi da meeschtens an de Joren mat enger 6 eréischt wierksam ginn. Déi lescht Klassifikatioun ass 2006 gewiescht. Déi virdru waren 1954 als éischt, duerno 1969, 1985 a 1996. D'Wéngerte solle sech doduerch d'Klassifikatioun och verdéngen.
Am Géigesaz zum Médoc ass d'Klassifikatioun och un d'Lag gebonnen. Sou gouf dem Château Beau-Séjour Bécot de Premier-Status 1986 fir zéng Joer entzunn, nodeem d'Wéngerten erweidert goufen.
Déi bedeitendst Châteaue si Châteaux Ausone a Cheval Blanc, béid als Premier Cru Classé A klassifizéiert. Donieft gëtt et nach eelef Premier Grand Cru Classés B a 55 Grand Cru Classés. Déi aktuell Klassifizéierung ass:

Premier grands crus classés A änneren

Premier grands crus classés B änneren

Grands Crus Classés änneren

  • Château l'Arrosée
  • Château Balestard La Tonnelle
  • Château Bellevue
  • Château Bergat
  • Château Berliquet
  • Château Cadet-Bon
  • Château Cadet-Piola
  • Château Canon-La Gaffelière
  • Château Cap de Mourlin
  • Château Chauvin
  • Clos des Jacobins
  • Clos de L'Oratoire
  • Clos Saint-Martin
  • Château La Clotte
  • Château La Clusière
  • Château Corbin
  • Château Corbin-Michotte
  • Château La Couspaude
  • Couvent des Jacobins
  • Château Curé Bon La Madeleine
  • Château Dassault
  • Château La Dominique
  • Château Faurie de Souchard
  • Château Fonplégade
  • Château Fonroque
  • Château Franc-Mayne
  • Château Grand Mayne
  • Château Grand-Pontet
  • Château Les Grandes Murailles
  • Château Guadet Saint-Julien
  • Château Haut-Corbin
  • Château Haut-Sarpe
  • Château Laniote
  • Château Larcis-Ducasse
  • Château Larmande
  • Château Laroque
  • Château Laroze
  • Château La Marzelle
  • Château Matras
  • Château Moulin du Cadet
  • Château Pavie-Decesse
  • Château Pavie-Macquin
  • Château Petit-Faurie-de-Soutard
  • Château Le Prieuré
  • Château Ripeau
  • Château Saint-Georges Côte Pavie
  • Château La Serre
  • Château Soutard
  • Château Tertre Daugay
  • Château La Tour du Pin-Figeac (Giraud-Belivier)
  • Château La Tour du Pin-Figeac (Moueix)
  • Château La Tour-Figeac
  • Château Troplong-Mondot
  • Château Villemaurine
  • Château Yon-Figeac

Kuckt och änneren

Stad Saint-Émilion