De Château Cheval Blanc ass e roude Wäin a gehéiert zu de Premier-grand-Crusen (A) aus dem Gebitt ëm Saint-Émilion an ass am neie Klassement vun de Wäiner vun 2006 och erëm an där Qualitéit confirméiert ginn, dat soe wëllt, datt en déi Appellatioun nees fir zéng Joer behalen däerf.

Thumb
Thumb

Et ass déi zweetgréisst Wéngerteproprietéit zu Saint-Émilion. Hir Wéngerte leien op der Grenz mat Pomerol an hir Produktioun ass ongeféier 200.000 Fläschen am Joer. Si leien deelweis op Schotterbiedem an ale Sandbiedem déi als Ënnergrond Leem hunn.

De spezielle Goût vum Wäi kënnt dohier well den Undeel vun der Riefzort Cabernet Franc ganz héich ass (66%), méi héich wéi all déi aner Premier-grand-Crusen. Et ass ee räiche Wäin, mat engem volle Goût, dee wann e jonk ass, keen ze vill strenge Charakter huet an dee sech gutt versuerge léisst (bis 40 Joer a méi).