De Service de la Sûreté Publique, am Volleksmond d'Sûreté, war en nationale Police- an Iwerwaachungsdéngscht, deen tëscht 1929[1] an 1992 bei der Groussherzoglecher Gendarmerie, ënner dem direkte Kommando vum Chef de corps ageriicht war. D'Sûreté war mat spezielle Missioune vun der Police judiciaire a vun der administrativer Police beoptraagt [2].

Se stoung ënner dem Kommando vun engem delegéierten Offizéier am Grad vum Kapitän oder 1. Leitnant. De Rescht vum Service huet aus Commissairen, Commissaire-adjointen an Inspecteur-adjointe bestanen, alleguer aus der Ënner-Offizéieschcarrière déi no engem speziellen Exame vun der zoustänneger Examenskommissioun[3] zougelooss goufen.

D'Commissairen an d'Commissaire-adjointë vun der Sûreté waren Offizéier vun der geriichtlecher Police (OPJ).[2]

D'Sûreté ass mam Gesetz vum 29. Mee 1992, iwwer de Service de Police Judiciaire[4] ofgeschaaft ginn, a mam haitege Service de Police Judiciaire (ofgekierzt SPJ) genannt, ersat ginn, an deen zanter der Fusioun vu Gendarmerie a Police, en Departement vun der Police grand-ducale ass.

Referenzen

änneren
  1. (de)j.m.m. - d'Letzeburger land, Im Kreisssaal der Koalition - Reform der "Sûreté Publique". 21.04.1989. Gekuckt de(n) 10.11.2024.
  2. 2,0 2,1 (fr)Service de la législation, Loi du 23 juillet 1952 concernant l’organisation militaire, Artikelen 62 bis 65. Legilux (1952). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  3. (fr)Service de la législation, Arrêté grand-ducal du 8 juin 1960 fixant les conditions de recrutement des membres de la Sûreté publique.. Legilux (1960). Gekuckt de(n) 08.11.2024.
  4. (fr)Service de la législation, Loi du 29 mai 1992 relative au Service de Police Judiciaire. Legilux (1992). Gekuckt de(n) 08.11.2024.